Gestionnaire fir eise Service Customer Care Center - Luxembourg
Bâloise Assurance Luxembourg
Location
Luxembourg | Germany
Job description
Dir géift an enger Equipe schaffen, déi op d’Relatioun mam Client spezialiséiert ass, dëst an engem agreabelen an dynameschen Ëmfeld.
Dir wäert déi éischt Kontaktpersoun vun eise Clienten a begleet Si verantwortungsvoll, mënschlech an inspiréierend, fir hire Besoine bescht méiglech gerecht ze ginn.
Äre Roll a Responsabilitéiten :
Als Gestionnaire am „Centre de Contact Client“ sinn Är Haaptresponsabilitéiten déi follgend :
- Op d‘Telefon- an d‘E-Mail-Ufroe vun eise Clienten zu hire Kontrakter, schnell an optimal äntweren.
- Lafend Tâche betreffend d‘Gestioun vun de Kontrakter vun eise Clienten, an eisem interne System traitéieren.
- Un der Entwécklung an der Optimiséierung vum Service duerch spezifesche Projeten deelhuelen (Optimiséierung vu Prozesser oder IT-Tools,
- Verbesserung vun der Zefriddenheet vun eise Clienten, etc.).
- Wann Dir Iech eiser Equipe uschléisst, gi mir Iech d'Méiglechkeet, Ären Ambitiounen no, Iech am Laf vun Ärer Karriär bei eis weider z’entwéckelen.
Äert Profil :
- Dir hutt en Diplom vum Typ Bac oder Bac +3, idealerweis an der Gestioun oder de Versécherungen
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. All aner Sprooch ass vu Virdeel.
- Dir kënnt Iech an d'Situatioun vum Client versetzen a kënnt mat vertraulechen Donnéeën diskret ëmgoen
- Dir sidd organiséiert a kënnt selbststänneg Entscheedungen treffen
- Dir wéist Teamgeescht a sidd flexibel
- Dir léiert gären a wëllt Är Kenntnisser an der Versécherungsbranche erweideren
- Erfarung am Beräich vun de Versécherungen oder am Call Center ass en Avantage
Job tags
Salary